Lynn & Rob 2005

Den 8. August 2005 hunn d'Neiséilänner Rob a Lynn ASHTON eng Europareess ugefaange. Si wollten och un enger Zeremonie zu Weiswampach deelhuelen. De Funker-Oberleutnant HAZARD Whelan wor de Monni vum Lynn.

Hiren éischten Halt wor zu Bréissel, wou se den Ambassadeur Wade Armstrong a seng Assistention Pamela Stewart an der Neiséilännescher Ambassade getraff hunn. Den nächsten Dag sinn si mam Zuch ob Lëtzebuerg gereest an si mat engem Auto op Weiswampach komm.

Den Dag duerno hunn se d'Duerf Daleiden besicht, wou den Whelan begruewen ass. De Whelan gouf vun senger Besatzung getrennt an ass mat aneren Leichnamen vun Zaldoten, di an der nämmlechter Nuecht gefall sinn, vu Lieler op Weiswampach gedroen. Däitsch Zaldoten hunn se dunn vun Weiswampach op Daleiden gedroen, wou se begruewen goufen. D'Lynn an de Rob hunn den Dag och Lieler an Ouren besicht.

Den Dag drop huet d'Zeremonie beim Denkmol stattfonnt. Den Wade Armstrong an d'Pamela hunn d'Lynn an de Rob bei den "Lancaster Memorial" begleet. De Buergermeeschter vun Weiswampach huet d'Zeremonie mat enger Usprooch ugefaange. Dës gouf vu sengem Meedchen, dem Joëlle, an d'Englescht iwwersat. Duerno kumm eng Ried vum Lynn, dem Neiséilänneschem Ambassadeur Wade Armstrong an engem Vertrieder vum Te Atatu Memorail RSA Peter Mason.

Nodeems Gerben ofgeluecht goufen, an 13 Käerzen ugefaange goufen, huet den Buergermeeschter Henri Rinnen op en Éierewäin op d'Gemeng invitéiert.

zum Schluss huet den Hotel-Restaurant Keup d'Gäscht op en Iessen invitéiert.