Zur Arennerung
Lancaster Memorial

Firr all Leed an all Kurrem ze verhalen, di et am zweite Weltkréich juff, do së well e sëlliche Stéin a Saile gesatt jiä, a wa s'ageweit juffen, dann husch et jären,

" Verzeie, joo  -  verjääse, nee. "

Wa 'lo ent Denkmol firr véierzéi jung Männ opgeriit jétt, van dänen der dréckzéin am Lancaster Bomber hirrt Liäwwe lussen, an datt siäächzig Jor dono, da weist datt, wi ärest su Wiärrder gemäänt sönn.

A bal all Lëtzeburger Duarref steet su ent Zeeche fiir eis Jungen, di an där preisischer Uniform gäänt hirre Wëllen an de Kréich jungen an net mit heem kummen. Oo aan di Amerikaner, di hei gefall sënn, hann di Wemper Léckt gedait an hinnen ee Steen opgeriit mat hirren Namen.

Ma't bluff na éin däister Naït aus dem Kréich ze verhalen: di vam 12. op den 13. August 1944. E Grapp Léckt, di dämools knap gruus woren, ma di alles behalen hann, di fonnte sich ' lo zesamen, fir oo dodran z'erënneren. A mat hinnen oo en etlich na mi juncker, di hockt well Familljepappe sënn, di juffen där gouder Saach e ferremt Gedriff.

Wi s'et virrbereet haan, du kummen villen di frääslich Bilder aus der Naït erëm: Alles stung bang op der Stroos, an't wusst keen, watt iwwert hirre Käpp geschéit wor. Datt Geblëtz a Gedonners duut s'all fiäärten, ma rischten dän annere Dag juff ee gewaren, datt Engländer, Kanadier an Neiseeländer an zwing Lancaster Bomber erafgeschoss wore jiä.

Et konnt ee sich denken, wat ent Leed an éin Péng däne Junge hir Famillje mutten ausston, dausende va kilometren ewä wore se duckt bliwwe, well se gewiäärt hate gäänt de Faschissem. Wi wir et äis da gewiäst, wann eis Jungen hätte missen dei Séckt dat gruusst Wasser fléijeen, fir kees mi heemzekommen.

Vläits kënnt ee goude Dag dän een odder annere van hirre Léckt op des Platz, da sale s'ëmmer de Merci van eiser Gäjend spirren, wa se de Jungen hirr Name liäsen, a si konne see, wi hockt kee mi brauch ze zécke firr iwwert d'Grenz ze goen.

D'Ofer van dänen Dréckzéi wor net emsoss.

Wann dir en Kéier kommt, dann haalt dir oo een Ablack stall, sëtzt eech op d'Bänk bei der Kapell, vläits konnt der na biädden - da sot de Jungen e grusse Merci.

de Komité